Tumgik
cnaislyn · 3 years
Text
Regardez "Kapprësel 🙈" sur YouTube
youtube
Kapprësel.... Ass déi eenzeg Reaktioun déi ech nach kann hun. Et gët rëm opgelockert, schéin. D'Restaurants bleiwen zou, why? Wann een d'Geschaefter rëm opmaachen kann (mat Zaiten fier d'Solden 🙈) wisou nët d'Restaurants? Bref....
Wat mech méi rosen mëcht ass, mir (am Behënnerteberaich) bleiwen weiderhin "agespaart"!!!🙄🥴
Sait dem 28.10.20 si mir rëm komplett op Lockdown, momentan bis den 15.01.21 warscheinlech méi laang.
Wat heescht dat? Ma, ganz einfach, mir mussen um Zëmmer bleiwen. Iessen um Zëmmer, alles um Zëmmer. 😔
Mir hun Krëschtdag an d'Sylvester um Zëmmer verbruecht. Duerften an d'Famill, awer nëmmen wann et och fir eng länger Zait war an mat negativem Test zréck. Allerdéngs hu mir net all d'Méiglechkeet an d'Famill ze goen, demno wei schweier d'Behënnerung ass.
Dat heescht, alles wat mir gesin, sin dei 4 Wäenn vum Zëmmer!!! 🧱
Fir déi, die sech lo soen, oh mai Gott, mir gin jo och néierens hin.... Moment.... Néierens? Och nët kuerz spazeieren, oder seier akafen? Vlait einfach schaffen?
Well all dat dierfe mir net!⛔
Nee, nët mol kuerz bis virun d'Dier! 4 Waenn, sait 2 Méint, fir verschiddener schon sait Maerz, well se de Summer keen haaten den mat hinne rausgaangen ass.
Dann kënnt dobai dass d'Personal um Enn ass. Sie hu nëmme nach knapps Zait hier essenziell Aarbecht ze maachen. Krankeschainer drop an dowidder. Aarbecht-Heem-Aarbecht.... sie dréinen um Rad😵🤯, ass jo kloer a méi wéi normal... mir hun d'Flemm éiweg dat selwecht ze gesin, sie sin iwwermidd, Resultat??? Mir sin schliesslech all nëmme Mënschen.
Dat bréngt dann natierlech schlecht Laun!
Ech verstinn d'Mesüren déi d'Gestionnairen huelen fir eis ze schützen och wann ech mir géif wënschen dass mer wéinstens e bëssi spazéiere kéinte goën.
Wat ech net verstinn sin d'Mesüren déi d'Regierung hëllt (oder nët hëllt). Wat ech net verstinn ass, dass mir halt erëm, "ënnert den Teppesch" gekiert gin... All Secteur get erwähnt, ausser eisen! 🤷‍♀️
Mir si keen Alters- oder Pflegeheim, mir sin en Behënnertewunnheem!
Als Behënnerten hu mir eis un déiselwecht Regelen ze haalen, ewéi jidfereen, dat wir soi-disant Inklusioun!? Ok, alles schéin a Gudd, wann een alleng wunnt, oder an der Famill!
Mee, mir (aus de Wunnheemer) wunnen an Communautéiten, also hu mir eng aaner Regelung, domat mir eis gefährdet Matbewunner net onnéideg nach méi gefährden! Wat jo eigentlech logesch ass!
An trotzdem... wéi geet et weider? Wéini dierfe mir raus? Dat steet an de Wollecken....🤔😳
T'Haaptsaach d'Geschäfter gin rëm mat Zaiten op fir d'Solden!!!!! 😶
0 notes
cnaislyn · 3 years
Text
2018 - Campagne MDDI - Sécurité Routière - AVR: "Soyez Responsable"
Tumblr media Tumblr media
0 notes
cnaislyn · 3 years
Text
2017 - Témoignage Radio RTS, Suisse - CQFD
0 notes
cnaislyn · 3 years
Text
Journée International des Victimes de la Routes - 2016
Tumblr media Tumblr media Tumblr media Tumblr media
0 notes
cnaislyn · 3 years
Text
Lettre ouverte de 2016 - RTL
Et liest ee vill iwwer Inklusioun an Integratioun. Et get driwwer geschwaat, munchmol gestridden soulaang den Artikel an der Zeitung oder Online ass. Et get genee sou séier erem vergiess!
Mee wéi ass dat fier déi die Betraff sin? Wéi gesin déi Leit dat déi enger Minoritéit ugehéieren?
Eng vun den Minoritéiten sin, Leit mat Behënnerung zu deenen ech, duerch en Autosaccident 2012, och gehéieren. Ech setzen zënter deem am Rollstull, vun der Broscht un gelaehmt. Dat bréngt mat sech, dass ech, ewéi och honnerte vun aner Leit hei am Land, ob Hëllef ugewisen sin. Ech schwetzen do nët vun finanzieller Hëllef! Nee! Ech schwetzen do vun mënschlecher Hëllef.
Ech wunnen an engem Foyer well do ëmmer een ass. Aleng kann ech nët an oder aus dem Bett. Mech waeschen an undoen scho guer nët. Dat heescht awer nach laang nët dass ech kee Liewen méi hun.
Esou wéi all Foussgänger gin ech gären akafen an wéi all Erwuessenen och mol aleng. Lo si mir beim Thema Inklusioun ukomm. Ech kommen nët iwwerall eran. Oft hun Geschaefter bei der Agangsdier trapen. D’Trottoirs sën oft ze héisch, Restaurants ze eng, bref et ass nach laang nët einfach. Aus dem Grond gin ech nawell gär an d'Belle-Etoile. An nët nëmmen ech.
Wann dir mol akafen gidd, kukt ronderëm, maacht d’Aen op, richtech op. Mir sin ganz vill jonk Rollstullfuerer. An mir sin ganz oft aleng ennerwee. Autonomie gët grouss geschriwen. Mir sin schliesslech Erwuessen. Normal, oder?
Anscheinend nët!
Ech hun eng Sonde fier Waaser ze loossen, well ech selbstaenneg nët op Toilette kann. E Mëttwoch war ech an d’Belle-Etoile, Chrëschtcadoe kafen. Wann ech sou ënnerwee sin, drénken ech ëmmer ganz wéineg fier dass meng Urinposch ët aushällt bis dass ech erëm doheem sin. Schliesslech geet keen vun eis akaafen fier op d’Toilette ze goën.
Leider ass main Plang wéineg ze drenken nët opgaangen an meng Posch war um 16h méi wéi voll. Ech haat keng aner Wahl ewéi an d’Info ze goën an no Hëllef ze froën. Peinlech genuch.
An der Info hun ech du gefroot ob sie een rufen kéinten, ech weess dass sie do Secouristen hun. Aentwert war: mier sin nët dofier zoustaenneg.
Daat ass mir scho kloer, duefier hun ech jo gefroot dass sie een rufen. Dat soot ech dun och der Madame. An erem krut ech als Aentwert sie wieren nët zoustaenneg. Zeng ganzer Minuten huet et gedauert bis dass déi Damm hier Responsable gerufft huet.
Ech hun du geduecht, gudd elo komme mir villaicht weider. Meen nee! Do héieren ech wéi d’Responsable seet: "Mussen déi dann och aleng ënnerwee sin?", dréit sech zu mir a freet:"Wou ass aer Begleetpersoun?" ouni moien, naicht.
Et ass jo wouer, wéi konnt ech, verreckte Behënnerten, och nëmme mengen ech kéint aleng eraus, ouni "Lengt"?? Jiddefalls sin ech mir dee Moment sou fierkomm. En Hond ouni Lengt dee vernannt gët. Schlëmmer ewéi behënnert sin ass esou behandelt ze gin.
Ech hun d’Fra gekukt: "Pardon? Ech sin aleng hei!!" Hier aentwert... Goldwert:"Aleng? Dat geet nët!!"
Hun sie gefroot wéi sie sech dat fierstellt. Ob ech elo an engem Zemmer agespaart misst bleiwen nemme well ech gelaehmt sin?
Hier aentwert:"Wann dir aleng wëllt kommen muss dir och eens gin fir op toilette!" an dreit mir de Réck.
Dir kënnt iech villäicht fierstellen wéi ech mir fierkomm sin. Diskriminierung pur!
Natierlech hun ech mech dun opgereegt, natierlech sin mir dun opgefall an natierlech hun d’Leit gekukt.
Du haat déi Fra keng aner Méiglechkeet ewéi d’Direktioun ze rufen.
Puer Minuten drop koum dun och den Haer P. deen d’Gerance huet.
Schlussendlech ass hien mat enger Secouristin, déi dun och geruff gin ass, mat mir an d’Infirmerie. Hien ass och deen, deen dun meng Posch geleert huet. Do soën ech: Chapeau bas, Haer P. dier sidd 100pro mam gudde Beispill fiergaangen! Hat och en interessant Gespréich mat dem Haer deen mir versechert huet e géif déi Problematik zumindenst uschwetzen.
Am ganzen huet et 45 min gedauert fier dass een mier hellëft.
Souvill zur Inklusioun vu Minoritéiten oder hun ech eppes falsch verstan?
0 notes
cnaislyn · 3 years
Text
2013 - ee Joer nom Accident
https://m.facebook.com/notes/carine-nickels/1-an/693186807376071/
0 notes
cnaislyn · 3 years
Text
2013 - Témoignage dans l'Essentiel
0 notes
cnaislyn · 3 years
Text
2017 - am September bei Planet People
0 notes
cnaislyn · 3 years
Text
2017 - Nominatioun fir Lëtzebuergerin vum Joer. Endplazéierung, N°9
0 notes
cnaislyn · 3 years
Text
2016 - am Wort
0 notes
cnaislyn · 3 years
Text
2017 - Témoignage
youtube
0 notes
cnaislyn · 3 years
Text
2016 - Wéi, wat, wou
youtube
youtube
0 notes
cnaislyn · 3 years
Text
2015 - Notwil
https://youtu.be/Y0kgfWbP7SI
youtube
1 note · View note